Op Lëtzebuergesch w.e.g.!
Sat, 14 Jan
|The Flying Dutchman
Comedy Club
Time & Location
14 Jan 2023, 20:00 – 15 Jan 2023, 03:00
The Flying Dutchman, Beaufort, Luxembourg
About The Event
Doors open 20:00
Show 20:30
Afterparty 23:45
TICKETS
Online 8 Eur
At the door 10 Eur
Sarah Bina: D'Sarah ass eng Newcomerin, déi am Februar 2022 mam Standup ugefaangen huet, an an der kuerzer Zäit, an der Stuttgarter a Karlsruher Géigend méi oft op der Bün stoung, wéi verschidde Leit hier Ënnerwäsch wiesselen. D'Sarah huet scho mat däitsche Bekanntheete wéi dem Özcan Cosar an dem Khalid Bounouar eng Bün gedeelt a léisst och soss keng Geléigenheet aus, op klengen, mëttleren a méi grousse Bünen ze stoen. Ënner einfachen, komplizéierten a schwéieren Ëmstänn opzetrieden a sech weider ze entweckelen. Sollt dem Sarah den Duerchbroch am Standup net gelengen, wäert hatt eng Carrière als Gesiichtsmodel fir Standup-Memes ustriewen.
Shayan Mehr, Nodeems de Shayan viru 6 Joer am Theater zu Rëmeleng ugefaangen hat e Gefill fir Bün a Leit ze kréien, huet hie sech viru knapps 3 Joer un de Standup erugetraut, wou hie seng éischt Erfarungen op Englesch a Franséisch gesammelt huet, bis hien et fir méi wéi néideg empfonnt huet, déi alleréischte Standup Comedy Show op Lëtzebuergesch am Januar 2020 ze lancéieren. Dëst mat der voller Ënnerstëtzung vun der Péitenger Geméng. Standup Comedy ass laut dem Shayan wéi e Box- respektiv Eenzelkampf. Du stees eleng am Ring a muss däi Bescht ginn fir keng op d’Nues ze kréien. Hei ans do gewënns de, an hei ans do verléiers de. Egal, opstoen, weiderkämpfen.
Instagram: shayan_lux
TikTok: de.shayan
Youtube: Shayan Mehr
Scott Reuter: De Scott ass e Newcomer an der Englescher Zeen hei zu Lëtzebuerg an duecht och, dass et un der Zäit wier dat Ganzt och mol op Lëtzebuergesch ze maachen. Laut dem Scott kann hie sech mat senge 25 Joer, sengem Kierpergewiicht vu 65kg a senger Gréisst vun 1m69 schonn an der Sauna gesi loossen. Seng Liblings-Faarf ass déi, déi dobäi eraus kënnt, wann een eng Gromper ze laang an der Mikrowell léisst. Mat Comedy huet hien am Januar ugefaange well hie keng Loscht méi hat TikTok-famous ze sinn. Elo erzielt hie peinlech Geschichten op der Bün an hofft d'Leit mengen dat wier alles net eescht gemengt.
Instagram: scott.reuter
TikTok: scooooooott
Grek Melmer: No bal 15 Joer Improvisatiounstheater sot sech de Grek, et wier un der Zäit seng Gedanken ze sortéieren a virzedroen. Am wëlle Weste vu Lëtzebuerg, spréch zu Ollem, wou hie grouss ginn ass, huet hie geléiert dass et méi einfach ass d'Liewen net ze vill eescht ze huelen, wéi sech driwwer opzereegen. Dofir klemmt hien ëmmer erëm gären op d'Bün fir mat de Léit ze laachen.
Instagram: grekmalma
Sundeep Bhardwaj: De Sundeep war ze liddereg a Lëtzebuergesch Coursen ze goen, dofir mecht hie lo nieft Englesch, och Comedy op Lëtzebuergesch fir seng Sproochkenntnisser ze erweiteren. Och wann hien d’Sprooch net zu 100% beherrscht, hie schwätzt genuch fir iech vum Hocker ze rappen. Opgewuess an Indien, Tëschestopp a Polen, an Endstatioun zu Lëtzebuerg, wou hien ugefaangen huet fir eng Bank ze schaffen, well hien duecht, dass dat deen eenzege Beruff ass, den een zu Lëtzebuerg kann ausüben.
Facebook: The Sundeep
Instagram: thesundeep
TikTok: thesunnydeep
Larissa Magnus: Lass mal ne Höhle bauen und die wilden Kerle schauen“ !
Larissa findet es macht doch viel zu viel Spaß ins Bällebad zu springen, ne Wasserschlacht zu machen und mit Robby Bubble Kindersekt auf das Leben anzustoßen.
Warum also lassen, nur weil man 27 Jahre alt ist. Sie kann diese ganze fake Welt einfach nicht leiden und sagt: „Es ist doch so unfassbar schön man selber zu sein“!
Zusammen loslassen und selbstbewusst zu sagen: „Ja ich habe einen fetten Pickel auf der Stirn und trage in der Nacht eine Beißschiene“. Larissa ist bekannt durch Nightwash, Comedy Central, den SWR Comedy Clash und so weiter und so fort.
Instagram: larissamagnus_